No ëmfangräiche Renovéierungsaarbechte presentéiert sech d’Bijouterie Hoffmann zu Gréiwemaacher an engem neie Look – méi oppen, modern an nach méi Raum fir Handwierk a perséinlech Berodung.
Säit méi wéi 70 Joer steet d’Bijouterie Hoffmann fir Qualitéit, Handwierkskonscht a perséinlech Berodung. Deemools als Familljebetrib opgebaut an iwwer Joerzéngten erweidert, gëtt d’Bijouterie haut an drëtter Generatioun mat vill Fangerspëtzegefill weiderentwéckelt.
Mat de rezente Renovéierungsaarbechten am Buttek zu Gréiwemaacher setzt de Betrib e kloert Zeeche fir zäitgeméiss Atmosphär, gelieften Handwierk an déi bewossten Decisioun d’Traditioun vum Betrib an d’Zukunft ze féieren.
Méi Raum fir Handwierk a Proximitéit
Fënnef Méint laang gouf renovéiert – eng intensiv Zäit fir d’Ekipp. Entstanen ass eng Plaz, déi méi oppen, waarm a méi perséinlech wierkt: Holz, zäitlos Faarwen an eng roueg, aluedend Atmosphär prägen d’Bild vum neie Buttek.
Am Mëttelpunkt sti sichtbar Atelieren: Véier Goldschmatten an een Auermécher schaffen hei transparent an no beim Client.
„Proximitéit zum Client, Authentizitéit an Transparenz – dat wollte mir erliefbar maachen.“ (Roxann Hoffmann)
Gläichzäiteg bidde separat Berodungsräim déi néideg Privatsphär fir perséinlech Gespréicher. D’Balance tëscht Oppenheet a Privatsphär ass, genau wéi den Usproch, dass alleguer d’Generatioune sech wëllkomm fillen, bewosst gewielt.
Wa Bijoue Geschichten zielen
Déi hauseege Goldschmatte gewannen ëmmer méi u Bedeitung. Ëmmer méi oft brénge Clienten al Bijouen oder Ierfstécker mat, déi zu neien, individuelle Kreatioune verschafft ginn.
„All Bijou huet eng Geschicht a mir dierfe se weiderféieren“, schwäermt d‘Roxann Hoffmann.
Standard-Bijoue geroden ëmmer méi an den Hannergrond – gefrot si Perséinlechkeet, Geschicht an handwierklech Präzisioun. Sou kënnen Unikater mat perséinlechem Wäert geschafe ginn. Besonnesch an Erënnerung bliwwen ass e Projet, bei deem aus alem Gold e „Goldbuch“ – mat Ofdréck vun den Hänn an den Ënnerschrëfte vun enger ganzer Famill – entstanen ass.
Qualitéit mat Charakter
Och beim Sortiment setzt d’Bijouterie Hoffmann op eng kloer Linn: ausgewielte Marken, besonnesch Bijouen a Materialie vun héchster Qualitéit.
„Mir wiele bewosst dat aus, wat wierklech bei eis an eis Cliente passt.“
Vill Marke sinn national exklusiv an der Bijouterie Hoffmann vertrueden. Ergänzt gëtt d’Offer duerch eng gefroten Auermécherei, där hire Service – inklusiv Ofhuel- a Liwwerdéngscht – wäit iwwert de Verkaf erausgeet.
Eng Plaz op déi een erëm kënnt
D’Reaktiounen op déi nei Raimlechkeete falen unanime positiv aus: méi frëndlech, oppen a méi perséinlech.
„Eng Plaz op déi een ëmmer rëm gären zeréckkënnt.“
Genau dëst Gefill wëll d’Ekipp vermëttelen – bei all Besuch.
Zesummen an d‘Zukunft
Hannert der Bijouterie steet eng engagéiert Ekipp, déi d’Entwécklung aktiv matdréit. Fir d’Susi, Mataarbechterin säit 28 Joer, ass dës Moderniséierung e besonnesche Moment:
„Et ass eng nei Motivatioun – schéin, dës Weiderentwécklung matzeerliewen.“
Traditioun mat Zukunft
Uechter d’Land ginn et haut nëmmen nach eng Handvoll traditionell Familljebetriber vun dëser Zort. D’Bijouterie Hoffmann gehéiert dozou a weist androcksvoll, wéi sech Traditioun a Modernitéit matenee verbanne loossen.
Mat der gelongener Renovatioun, dem klore Bekenntnis zum Handwierk an engem präzise Gespier fir d’Wënsch vun de Clienten, bleift de Betrib och an Zukunft genau dat, wat e schonn ëmmer war: eng Plaz fir besonnesch Bijouen, perséinlech Geschichten an de Wonsch ëmmer rëm zeréckzekommen.
Bijouterie Hoffmann
Grevenmacher, 1, Coin Grand-Rue, +352 75 02 36 I Mé. – Fr. 9-18H & Sa. 9-17H
Luxembourg-Ville, 5, Av. de la Porte-Neuve, +352 22 63 70 I Mé. – Sa. 10-18H
info@bijouteriehoffmann.lu
