Zanter 1946 steet den US Hueschtert fir Fussball, Zesummenhalt a Verbonnenheet mat der Gemeng. Aus engem klengen Duerfveräin ass iwwer d’Joren eng fest Gréisst am Lëtzebuerger Fussball ginn. Haut spillt d’éischt Ekipp an der BGL Ligue – méiglech duerch vill Mënschen, déi de Veräi mat Passioun an Engagement gedroen hunn.
De 16. Abrëll 2026 gouf dëse besonnesche Gebuertsdag mat enger akademescher Sëtzung am Centre polyvalent „A Schommesch“ gefeiert. A Präsenz vun der Sportsministesch Martine Hansen, dem FLF-President Paul Philipp, Vertrieder vun der Gemeng Nidderaanwen, Supporteren a Sponsore gouf op aacht Joerzéngte Veräinsgeschicht zeréckgekuckt. Dobäi stoung de Merci un déi vill Benevollen am Mëttelpunkt, déi den US Hueschtert iwwer Generatiounen opgebaut, begleet a vertrueden hunn.
Och sportlech huet de Veräi markant Momenter erlieft. Den éischten Opstig an déi héchst Spillklass 2011 an d’Finall vun der Coupe de Luxembourg 2018 gehéieren zu de Meilesteng. Mee den US Hueschtert ass méi wéi nëmmen d’Resultater vun der éischter Ekipp. Eng engagéiert Jugendaarbecht, vill Traineren, Elteren a Supporter suergen dofir, datt och déi nächst Generatioun Freed um Fussball an um Matenaner fënnt. An dësem Kontext hätten d’Junioren dem Veräin am Jubiläumsjoer kee méi schéine Kaddo maache kënne wéi d’Coupe du Prince ze gewannen.
Dat 80. Jubiläumsjoer gëtt net nëmmen um Terrain gefeiert. Eng Journée des anciens, e Concert fir d’Awunner vum CIPA Gréngewald an e Public Viewing zesumme mam BBC Gréngewald hunn de Veräin nach méi no bei d’Leit bruecht. Méi wéi 300 Visiteuren hunn d’Schlussphase vun der Fussball-WM an enger flotter Atmosphär verfollegt. Weider Rendez-vousen, dorënner e Konveniat vun der Härenekipp an en Dag zugonschte vun der „Stëmm vun der Strooss“, ënnersträichen de soziale Charakter vum Veräin.
No 80 Joer kuckt den US Hueschtert mat Stolz zeréck a mat Energie no vir. Nei Spiller, Traineren, Benevollen, Supporteren a Familljen si wëllkomm, fir dës Geschicht weiderzefeieren an Deel vun enger lieweger gréng-wäisser Gemeinschaft ze ginn.
www.ushostert.lu


