Zum Inhalt springen

Vereinsvorstellungen

Mat Freed a Leidenschaft op der Bün

Mat vill Begeeschterung fir den Theater wäert sech Enn des Jores 2026 de Veräi Mäerter Theater nei forméieren. Schonn am Joer virdrun hunn d’Membere fir d’Chorale Mixte Mertert Theater gespillt an dobäi hir Freed um Theater op d’Bün bruecht. Mat der Neiforméierung wëll de Veräin dës Traditioun weiderféieren an och an Zukunft fir vill lëschteg Momenter suergen.

Haut zielt de Mäerter Theater ongeféier 15 Memberen, déi all eng gemeinsam Passioun deelen: d’Freed um Theater an um gesellegen Zesummesinn. Vun deene Jonke bis bei déi manner Jonk vereent de Veräi verschidde Generatiounen, déi zesummen op an hannert der Bün aktiv sinn. Dobäi steet net nëmmen d’Theaterspillen am Mëttelpunkt, mee virun allem och de Spaass un der gemeinsamer Aarbecht an den Ekippegeescht.

Groussen Highlight ass sécherlech d’Theaterstéck, dat eemol am Joer iwwert dräi Deeg op der Bün vum Centre Culturel zu Mäertert opgefouert gëtt. Mat vill Engagement, Humor a Leidenschaft schafft de Mäerter Theater zesummen drun, dem Publikum dräi ënnerhalend Owender ze bidden an d’Leit zum Laachen ze bréngen. Dobäi ass de Wee bis bei déi fäerdeg Opféierung mindestens esou wichteg wéi den Optrëtt selwer. 

D’Prouwen, déi gemeinsam Virbereedungen an déi vill lëschteg Momenter stäerken den Zesummenhalt a maachen de Mäerter Theater zu méi wéi nëmmen engem Theaterveräin.

Fir datt zum Schluss alles klappt, brauch et awer net nëmmen engagéiert Schauspiller op der Bün. Och hannert de Kulisse gëtt et vill ze doen. Ob beim Flüsteren, beim Opbau vun der Bün, bei der Organisatioun oder beim Comptoir: All Hand déi mat upaakt ass wëllkomm a spillt eng wichteg Roll fir d’Gelénge vun den Opféierungen.

De Mäerter Theater freet sech dofir ëmmer iwwer nei Gesiichter. Wie Loscht huet, selwer eng Kéier op der Bün ze stoen oder einfach Deel vun enger flotter a geselleger Ekipp ze ginn, ass häerzlech wëllkomm. Theatererfarung ass dobäi keng Viraussetzung. Vill méi wichteg sinn d’Freed um Theater, d’Motivatioun an de Spaass um Zesummeschaffen.

Interesséiert Persoune kënnen sech gäre per Mail un maertertheater@gmail.com mellen.